D'Sonnen- a Mounddäischterten am Joer 2015



Partiell Mounddäischtert
Dëst ass e Bild vun enger partieller Mounddäischtert.
Et staamt vun der Eklips-Säit vun der Zäitschrëft bild der wissenschaft
Zanter déi Website allerdéngs ëmgebaut gouf,
stinn d'Finsternis-Säite leider net méi zur Verfügung.



Et war an de läschte Joren e bëssche roueg ëm d'Sonnen- a Mounddäischterten zu Lëtzebuerg. Mee am Joer 2015 si mer mol rëm matt am Coup.

Den 20. März konnte mer zu Lëtzebuerg eng partiell Sonnendäischtert ze erliewen, an op d'mannst an der Haaptstad hate mer och eenjermoosse Chance mam Wieder, sou dass d'Sonn während dem ganze Spektakel nëmmen heiandsdo hannert de Wolleke verstoppt war. Mir konnten d'Däischtert also während gudd 2 Stonnen, vum 1. Kontakt bis zum Schluss, zimmlech gudd verfollegen.

Ech hun e puer Fotoen, déi ech an där Zäit (mat engem klengen Fotoapparat duerch eng Schutzfolie) gemaach hun, zu engem Panorama zesummegestallt :


Partiell Sonnendäischtert 2015-03-20



28. September 2015

Et gin Toperten op dëser Welt. An Toperten ...
Di eng sin déi, di ze domm si, fir hire Wecker richteg ze stellen, an dann réischt erweche, wann d'Mounddäischtert scho bal hallef gelaf ass.
Di aner sin déi, déi scho wéi laang wëllen en uerdentleche Fotosapparat kafen, a wann et drëm hier geet, hun se awer nëmmen e klengen Täschenapparat.
A wann di zwee da beienee kommen ...

Mir hate fir dës Mounddäischtert di bescht méiglech Konditiounen : Keng Wollek um Himmel, an de Mound op sénger nootster Distanz zur Äerd, sou dass e richteg grouss um Himmel stoung.
Perfekt Konditiounen also fir eng Mounddäischtert ze kucken, an da kommen ech eréischt, wann d'Totalitéit scho bal erreecht ass. Mee egal, d'Biller vum Mound duerch den Teleskop während der Däischtert ware fantastesch, an d'Fotoe mam klengen Apparat hu mer et trotzdem erlaabt, dëse Panorama zesummenzestellen :


Total Mounddäischtert 2015-09-28


Mee hautesdaags brauch ee jo net mol méi e Fotoapparat ...
Hei 2 Opnahmen vu méngem Nëwwi Charel, déi hie mat séngem Handy opgeholl huet :


Total Mounddäischtert 2015-09-28       Total Mounddäischtert 2015-09-28


Lo musse mer rëm méi laang waarden : Niewt enger partieller Mounddäischtert am fréien Owend vum 7. August 2017 gëtt et di next total Mounddäischtert an Europa eréischt de 27. Juli 2018.




Total Mound-Däischtert 16.07.2000 (Japan) Esou schéi kann eng total Mounddäischtert ausgesinn.
Dëst Bild ass vum 16.Juli 2000 a gouf a Japan opgeholl.

Loscht op méi sou fantastesch Opnahmen ?
Da kuckt emol bei AstroArts eran !




All méiglech Informatiounen iwwert Däischterte gët et beim Fred Espenak, dem "Finsternis-Guru" vun der NASA.


Sidd Der un Astronomie intresséiert ? Surft emol beim Site vun de Lëtzebuerger Amateur Astronomen laanscht !