D'total Mounddäischterten an de Joeren 2010/2011



Partiell Mounddäischtert
Dëst ass e Bild vun enger partieller Mounddäischtert.
Et staamt vun der Eklips-Säit vun der Zäitschrëft bild der wissenschaft
Zanter déi Website allerdéngs ëmgebaut gouf,
stinn d'Finsternis-Säite leider net méi zur Verfügung.



Zanter dem 21. Februar 2008 gouf et keng total Mounddäischtert méi. Et goufen e puer Hallefschied-Däischterten, an e puer partieller, mee den 21. Dezember 2010 ass erëm eng total um Menü.

Ganz vill Chance hu mer zu Lëtzebuerg awer net : Um 7h32 trëtt de Mound an der Äerd hiere Schied, um 8h40 ass en dann total verdäischtert. Mee um 8h35 geet de Mound an eiser Géigend schon ënner, sou dass di total Phase sech hanner'em Horizont ofspillt, a mir se net matkréien.
Wien di ganz Däischtert wëllt matkréien, muss e puer Zäitzonen a westlech Richtung reesen, sou bis an Island. Am beschten awer bis an Nordamerika. Do sëtzt een da voll dran. Et solle jo Leit gin, di e Christmas-Shopping op New-York maache gin ! Wann dat keng Gelegenheet ass ...


A wann et net leeft, da leeft et net : Bei denen zwou nexten Däischterte geet et eis net vill besser : De 15. Juni 2011 verpasse mer den Ufank, an den 10. Dezember 2011 kënne mer nach just den allerleschte Wutz matkréien. Wann's d'eppes kanns   :-(



Di genee Donnéen iwwert déi next Mound-Däischterte fann Der an dëser Tabell.
All Zäite si lëtzebuerger Lokalzäit !
D'Zäite fir aner Géigenden kënnt Der Iech mat Hëllef vu geografesche Koordonnée vum Computer vum U.S. Naval Observatory berechne loossen.



Total Mound-Däischtert 16.07.2000 (Japan) Esou schéi kann eng total Mounddäischtert ausgesinn.
Dëst Bild ass vum 16.Juli 2000 a gouf a Japan opgeholl.

Loscht op méi sou fantastesch Opnahmen ?
Da kuckt emol bei AstroArts eran !




All méiglech Informatiounen iwwert Däischterte gët et beim Fred Espenak, dem "Finsternis-Guru" vun der NASA.


Sidd Der un Astronomie intresséiert ? Surft emol beim Site vun de Lëtzebuerger Amateur Astronomen laanscht !