D'Mounddäischterten zu Lëtzebeurg
an de Joren 2018/2019



Partiell Mounddäischtert
Dëst ass e Bild vun enger partieller Mounddäischtert.
Et staamt vun der Eklips-Säit vun der Zäitschrëft bild der wissenschaft
Zanter déi Website allerdéngs ëmgebaut gouf,
stinn d'Finsternis-Säite leider net méi zur Verfügung.



No enger partieller Sonnendäischtert am Mäerz 2015 an enger totaler Moundäischtert am September vum selwechte Joer war et roueg hei am Land mat sou spektakulären Evenementer. Dëst Joer gouf et neess eng total Mounddäischtert, an zwar de 27. Juli 2018 owes : et war di längste Mounddäischtert an dësem Jorhonnert, mee mir hei a Mëtteleuropa haten allerdéngs den Ufank verpasst, well de Mound dee moment nach net opgaang war.

An et ass fir an e Patt ze houschten : Da waards de wochelaang op e bëssche Ree fir de Gaart, an 't ass keng Wollek weder bäi nach no. An da, wanns de wëlls eng Mounddäischtert kucken, dann ass den Himmel voller Wolleken, op d'mannst laanscht den Horizont.
Sou hun ech di éischt Halschent vun der Totalitéit verpasst, wou de Mound no séngem Opgang just iwwert dem Horizont stoung. Et war réischt géint d'Mëtt vun der Däischtert, sou kuerz virun halwer eelef, wou de Mound, fir 't éischt gaaanz liicht, duerch d'Wolleke geluust huet.
Dun hat ech eng Stonn laang tip top Siicht op de Mound an de Planéit Mars, dee ganz no bei him stoung. Nodeems d'Totalitéit eriwwer war an de Mound lues a lues aus dem Schied vun der Äerd getratt ass, sin och rëm méi Wolléken opgezun, déi mer awer dunn e puer flott Fotoen abruecht hun.

Alles an allem war et no engem entäuschenden Ufank awer nach e flotte Spektakel mam roude Mound.


De verdäischterte Mound an de Mars       Mound am Bam

Panorama       Mound a Mars mat Monsteren a Geeschter

Eclipse en série



Di Mounddäischtert vum 21. Januar 2019 war am fréie Muergen, an déi konnt ech a voller Längt kucken. Leider hat ech e bëssche Problemer mam Fotosapparat, sou dass bei ménge Fotoen net vill Brauchbares dobäi war.


Vue op Rued/Sir mam verdäischterete Mound


Duerno kommen 2 partiell Mounddäischterten, de 16. Juli 2019 an de 19. November 2021, ier dann di next total Mounddäischtert de 16. Mee 2022 ass, bei där de Mound awer bei eis während der Totalitéit schon ënnergeet, sou dass mer déi Kéier de Schluss verpassen ...


Di genee Donnéen iwwert déi next Mound-Däischterte fann Der an dëser Tabell.
All Zäite si lëtzebuerger Lokalzäit !
D'Zäite fir aner Géigenden kënnt Der Iech mat Hëllef vu geografesche Koordonnée vum Computer vum U.S. Naval Observatory berechne loossen.



Total Mound-Däischtert 16.07.2000 (Japan) Esou schéi kann eng total Mounddäischtert ausgesinn.
Dëst Bild ass vum 16.Juli 2000 a gouf a Japan opgeholl.





All méiglech Informatiounen iwwert Däischterte gët et beim Fred Espenak, dem "Finsternis-Guru" vun der NASA.
Sidd Der un Astronomie intresséiert ? Surft emol beim Site vun de Lëtzebuerger Amateur Astronomen laanscht !