D'Mounddäischterten zu Lëtzebuerg
am Joer 2007/2008






Nodeems et während méi wéi 2 Joer keng total Mounddäischtert méi gouf, waren der am Joer 2007 erëm 2 : eng vum 3. op de 4. März an eng den 28. August. Bei där vum 28. August war hei an Europa leider hellen Dag, sou dass mir déi net mattkruten. Mee den 3./4. März ware mer voll matt derbäi, esou guer d'Wieder huet déi Kéier matgespillt ...

Quasi fir den 28. August 2007 auszegläichen, gouf et den 21. Februar 2008 nach eng total Mounddäischtert. Déi war am fréie Muergen, ier de Mound ënnergaang ass. An obwuel mer di Deeg virdru perfekt Beobachtungswieder haten, huet et den Dag virdrun erëm ugefaang mat reenen, an d'Chancen eppes ze gesi ware marginal :-(     ...

An dobäi musse mer bis an den Dezember 2010 op di next total Mounddäischtert waarden !



21. Februar 2008

An de spéiden Owesdstonnen vum 20.Februar war den Himmel klor und de Mound gutt ze gesin, sou dass ech mech op eng Beobachtung agestallt hun.
Mee wéi de Mound géint 2:40 Auer an de Schied vun der Äerd agetratt ass, war den Himmel erëm voller Wolleken, an huet d'Siicht op de Mound fir Sekonne fräi ginn, während en dann neess fir Minutte verschwonne war. Keng besonnesch interessant Ugeleeënheit. Ausserdem ass lues a lues Niwwel opgezunn, wat d'Saach och alt net verbessert huet.

Eng véierel Stonn virun der Totalität war den Himmel neess komplett zou an es gouf näischt méi ze gesinn. Also, ... apaken an heem an d'Bett !



Nuecht vum 3. op de 4. März 2007

Whow ! No dem miserable Wieder vun de läschten Deeg (oder besser gesot vum läschte Wanter ...) hate mer d'Chance, dass den Himmel dësen Owend zimmlech kloer war. A well de Mound sou héich um Himmel stoung, huet näischt ronderëm gestéiert, sou dass ech mech op der Terrass hannerem Haus installéiere konnt.

Vun deem Moment, wou de Mound an der Äerd hiere Schied getratt ass bis zur Totalitéit war en di ganzen Zäit ze gesin. De roudelzeche Schimmer am ënneschten, verdonkelten Deel ass schon opgetrueden, wéi de Mound eréischt zu 3/4 bedeckt war. Besonnesch duerch d'Spektiv huet dat immens gudd ausgesinn.

Wéi Totalitéit erreecht war, si liicht Wolléken opgezun, déi de Mound zäitweis verdeckt hun. Wa keng Wolléken do waren, huet eisen Trabant sech zimmlech hell présentéiert, mat engem brongelzeg/orange Schimmer.

E puer Minutte méi spéit war de Mound komplett hanner de Wolléke verschwonn, an dat bis d'Mëtt vun der Däischtert. Dueno ass et erëm lues a lues méi kloer gin, an de schéinsten Deel, wou di éischt Sonnestrahlen erëm op di lénks Säit vum Mound gefall sinn, war erëm ongestéiert ze genéissen.

Während di hell Sichel vum Mound ëmmer méi grouss gin ass, sin erëm Wolleken opgezunn, a just fir de 4. Kontakt, wou de Mound de Kärschied vun eisem Planéit erëm verlooss huet, war den Himmel erëm zou. An d'Féiss kal ...


Di genee Donnéen iwwert déi next Mound-Däischterte fann Der an dëser Tabell.
All Zäite si lëtzebuerger Lokalzäit !
D'Zäite fir aner Géigenden kënnt Der Iech mat Hëllef vu geografesche Koordonnée vum Computer vum U.S. Naval Observatory berechne loossen.



Total Mound-Däischtert 16.07.2000 (Japan) Esou schéi kann eng total Mounddäischtert ausgesinn.
Dëst Bild ass vum 16.Juli 2000 a gouf a Japan opgeholl.

Loscht op méi sou fantastesch Opnahmen ?
Da kuckt emol bei AstroArts eran !




All méiglech Informatiounen iwwert Däischterte gët et beim Fred Espenak, dem "Finsternis-Guru" vun der NASA.
Fir Däischterten um Internet ze beobachten, sidd Der beim Klipsi op der richteger Adress !

Sidd Der un Astronomie intresséiert ? Surft emol beim Site vun de Lëtzebuerger Amateur Astronomen laanscht !