9. Januar 2001

Hurra, den Himmel war kloer !!!



De ganzen Dag iwwer näischt ewéi Wolleken um Himmel.
Mee dee Moment, wou de Mound an der Aerd hire Schied getratt ass,
woren op ee Schlag all Wolleke verschwonn.
Ech hu kee Schimmer, wou se hi waren, mee den Himmel war kloer !

An esou hat ech eng fantastesch Vue op de Mound,
wéi en sech ëmmer méi verstoppt huet.
Leider war dës Däischtert wierklech zimmlech däischter,
sou dass dat schwaacht Liicht vum Mound méi brongelzech ewéi rout war.
Mee loosse mer frou sinn, dass mer iwwerhaapt eppes ze gesi kruten !