21. Januar 2000

e klenge Rapport :



Well alt erëm d'Wieder alles anescht wéi gudd war, gouw et neess eng Kéier, wéi bei der Sonnendäischtert vun 1999, fir mech näischt ze gesinn ... hat ech geduecht. Mee kuerz virun der Totalitéit koum de Mound eng Kéier luussen. Ech hu mech du séier matt ménger Spektiv a mam Fotosapparat dobaussen installéiert a gewaart.

An tatsächlech krut ech tëscht 5h15 a 5h37 de Mound e puer mol, wann och nëmme kuerz, ze gesin. Mee dat war derwert : De verdeckte Mound war relativ hell, matt ënnen engem rout-orangen Bord. E fantasteschen Ubléck duerch d'Spektiv. Brauchbar Fotoe sinn et allerdéngs keng ginn.

Dueno wor den Himmel erëm zou, an et huet ugefaang, liicht ze reenen.
Géint 6h35 konnt ech de Mound nach eng Kéier fir e puer Sekonne gesinn, wou e schon erëm hell ginn ass, an du war et definitiv eriwwer. Dotëscht konnt ech just waarden ... a Pink Floyd lauschteren :

The Dark Side    The Dark Side Of The Moon    Of The Moon