D'Mounddäischterten zu Lëtzebuerg
am Joer 2003






Nodeems et an de Joren 2001 an 2002 op der südlecher Hallefkugel 2 total Sonnendäischterte gouf, déi mir just an de Medie kucke konnten, hu mir am Joer 2003 och erëm därfe matspillen ! Zwar 'nëmmen' Mounddäischterten, mee dofir awer direkt 2 Stéck ...



De 16. Mee

hate mer fantastesch Chance : No engem Dag voller Wolleken ass den Himmel an der Nuecht opgaang.
Fir den Ufank vun der Eklips, wou de Mound nach zimmlech héich iwer dem Horizont stoung, war d'Siicht perfekt. De Mound huet zimmlech grouss gewierkt, an d'Detailer vun der Uewerfläch ware kloer mat der Spektiv ze erkennen.
Ech hun den Ufank, wou de Mound de Kärschied vun der Äerd beréiert huet, géint 4 Auer vum Späicher vun eisem Haus gekuckt. Wann een sech um Mound en Zifferblat virstellt, huet de Schied en bei der 8-Auer-Positioun beréiert. No enger véierel Stonn huet di däischterst Plaz vum Schied ugefaangen, e brongelzéche Schimmer ze kréien.
Leider huet mäi Fotoapparat viru kuerzem de Geescht opgin, sou dass ech dës Kéier keng Fotoe konnt maachen.
Méi spéit sinn ech dunn op de Widdebierg gefuer, fir weider ze kucken. De ganze Verlaf vum Schied iwwer de Mound war kloer ze gesin, bis um 5:13 Auer d'Totalitéit erreecht war.
Kuerz drop war et dobausse schon esou hell, dass een de veräischterte Mound kaum nach um Himmel erkenne konnt : Game over.

9. November

Well d'Meteo deels Wolleke fir d'Nuecht virausgesot hat, war natierlech ... keng eng Wollek um Himmel fir Mounddäischtert ;-))       (Fairerweis muss ech zougin, dass moies um 6 Auer, wéi ech schaffe gefuer sin, tatsächlech e puer Wolleken do waren). De liichten Niwwel um Horizont huet net gestéiert, well de Mound héich um Himmel stoung. Méi penibel war do schon d'Keelt; kal Féiss, an eng Spektif, déi engem bal um Kapp ugefruer ass ...
Obschons di no Uertschaft nuets zimmlech hell beliicht ass, war den Himmel ongewéinlech kloer, mat immens helle Stären. Well de Mound ganz um Rand duerch der Äerd hire Schied gaang ass, ass en och während der Totalitéit zimmlech hell bliwwen. E war blatzeg rosa bis knaschteg wäiss, an d'Detailer vun der Uewerfläch waren och an där méi däischterer Partie nach kloer ze erkennen. En huet bal ausgesinn, wéi wann en aus Parzeläin wär, dee vun hanne virum däischter schwaarzen Himmel beliicht gëtt.
Dat schéinst war awer natierléch just virum Ufank, a just nom Enn vun der Totalitéit, wéi de blatzege Mound e grell wäisse Rand op der lénkser Säit hat. Super !

Nexte Rendez-vous : De 4. Mee 2004 owes (Totalitéit vu méi wéi enger Stonn an enger véierel ...)





All méiglech Informatiounen iwwert Däischterte gët et beim Fred Espenak, dem "Finsternis-Guru" vun der NASA.
Fir Däischterten um Internet ze beobachten, sidd Der beim Klipsi op der richteger Adress !

Sidd Der un Astronomie intresséiert ? Surft emol beim Site vun de Lëtzebuerger Amateur Astronomen laanscht !