11. August 1999

12h28'21" - 12h29'41" (Stad Lëtzebuerg)


Mir hätten di grouss Chance gehat, eng Sonnendäischtert bei eis am Land kënnen ze erliewen ... wann d'Wieder mattgespillt hätt !
Et huet net matgespillt, op d'mannst op dene meeschte Plaze net. Ech war a Frankräich kucken, e bësschen nördlech vu Metz, op d'Zentrallinn, fir d'Totalitéit sou laang wéi méiglech ze genéissen. Do war den Himmel komplett zou. Eréischt no der Totalitéit sinn d'Wolleken deelweis opgaang.
Hei e puer Fotoe vun där Phas :



Eklips Animatioun


Next Rendez-vous'en :

Total Mound-Däischterten
de 16.Mee an de 9.November
2003


12h28 : Während der Däischtert selwer war um Himmel näischt ze gesinn. Sou huet et dee Moment op der Autobunn, no bei mengem Standuert ausgesin. 12h30 : Autobunn bei der totaler Däischtert
12h45 : Sonn matt Wolleken Eréischt eng véierel Stonn méi spéit sinn d'Wolleken e bësschen opgerappt :
12h45 : En éischte Bléck op d´Sonn, ouni Filter duerch d'Wolleke geknipst.
Zwou Minutte méi spéit :
12h47 : De Mound ass schon e Stéck méi wäit ewech geréckelt.
12h47 : Sonn mat Wolleken
12h48 : Sonn duerch Filter 12h48 : D'Wolleken hu sech esou wäit opgemaach, dass ech d'Sonn an de Mound kann (a muss !) duerch de Filter knipsen
12h50 : Et geet immens séier : De Mound gëtt d'Sonn Stéck fir Stéck fräi. Nach eng Stonn, dann ass alles eriwwer. 12h50 : Sonn duerch Filter
13h00 : D'hallef Sonn matt Wolleken duerch de Filter 13h00 : D'Halschent vun der Sonn ass schon erëm ze gesin. Et kommen neess méi Wolleken op.
Ech hat mech niewt engem klenge Séi installéiert. Dës Foto vun 13h05 ass eng Spijelung vun der Sonn am Waasser. 13h05 : Sonn matt Wolleken, am Waasser gespijelt
13h25 : Weltënnergang; den Himmel brennt ... ?! 13h25 : "Deelweis verdeckte Sonn am feierrouden Himmel"
Dës Foto widmen ech all denen, déi gefaart (oder gehofft) haten, d'Welt géif bei der Sonnendäischtert ënnergoen.
13h45 : Nach just e klenge Wutz vun der Sonn gët vum Mound verstoppt. 13h45 : Gläich ass et eriwwer
13h51 : De 4. Kontakt 13h51 : De 4. Kontakt. All Ament gëtt de Mound d'Sonn erëm komplett fräi.
De (leider gréisstendeels verstoppte) Spektakel ass eriwwer.



Informatioune iwwert Sonnendäischterten gët et bei de Spezialisten :

Haapt Eklips-Säit    Home (lëtzebuergesch)    Haapt-Säit