D'Sonnen- a Mounddäischtert am Joer 2026



Partiell Mounddäischtert
Dëst ass e Bild vun enger partieller Mounddäischtert.
Et staamt vun der Eklips-Säit vun der Zäitschrëft bild der wissenschaft
Zanter déi Website allerdéngs ëmgebaut gouf,
stinn d'Finsternis-Säite leider net méi zur Verfügung.



Di läscht partiell Sonnendäischtert zu Lëtzebuerg war den 29.3.2025, mee do war d'Sonn just bis zu engem knappe Véierel vum Mound verdeckt .

Partiell Sonnendäischtert 2025-03-29



Dëst Joer war - praktesch op den Dag 27 Joer no der läschter totaler Sonnendäischtert vum 11.8.1999 - nees eng total an Europa ze gesin. Den 12. August 2026 konnt een déi z.Bsp. a Spuenien ganz bewonneren, an eise Géigenden gouf d'Sonn awer ëmmerhin nach zu 90% vum Mound bedeckt.

Ech hat d'Chance, dës Sonnendäischtert op der belscher Plage kënnen ze kucken, wou een se bis zum Schluss konnt gesin, just e puer Minutten ier d'Sonn ënnergaang ass. A well um Mier keng Koppen a keng Haiser d'Siicht behënneren, war dat di perfekt Plaz fir mech.

D'Wieder huet mattgespillt, an et war di ganzen Zäit keng Wollek um Himmel.
Den Ufank vun der Däischtert, wou de Mound also ugefaangen huet, sech op der rietser Säit virun d'Sonn ze setzen, war um 19:18 Auer. Den Maximum gouf dunn um 20:13 erreecht, do waren ca 90% vun der Sonn duerch de Mound verdeckt, a just uewe war nach eng schmuel Séchel ze gesin. Duerno ass de Mound dann nees lues a lues no lénks virun der Sonn ewechgezun. Um 21:05 hat de läschte Wutz d'Sonn dann neess verloos, an déi ass 10 Minutte méi spéit am Mier ënnergaang.

Di läscht hallef Stonn, wou d'Sonn schon zimmlech déif iwwer em Horizont stoung an duerch eng vill méi déck Schicht vun der Atmosphär huet misse schéngen, ass se ëmmer méi roud an och méi schwaach gin, wat sech natierlech duerch de Sonnefilter nach méi staark bemierkbar gemaach huet.


Hei ass eng Serie Biller, déi dee ganzen Oflaaf weisen:

Partiell Sonnendäischtert 2026-08-12



Opgepasst! Fir eng Sonnendäischtert ze kucken, muss een onbedéngt e Spezialbrëll benotzen. Wann een ongeschützt an d'Sonn kuckt (och wann se zum Deel verdeckt ass), kann ee schwéiere Schued un d'Ae kréien an am schlëmmste Fall blann gin!

Schutzbrëll



Ech war gudd équipéiert, matt Brëll, Spektiv, Teleskop a Fotoapparaten. All Apparater haten natierlech e Sonnefilter, fir dass ech ouni Problem dee ganzen Oflaf konnt verfollegen.

Prett fir d'Sonnendäischtert ze kucken



Bei enger totaler Sonnendäischtert, wéi dës eng war, stinn d'Sonn, de Mound an d'Äerd an enger perfekter Rei. Zwou Woche méi spéit, beim nächste Vollmound, den 28. August 2026, war di Rei nach ëmmer zimmlech riicht (ausser dass d'Äerd dunn tëscht der Sonn an dem Mound stoung), sou dass et dann och nach eng partiell Mounddäischtert gin ass.
Hei huet een allerdéngs misse fréi opstoen, den Ufank war moies um halwer fënnef. Leider war no den Donnerwiedere vum Owend virdrun den Himmel di ganz Nuecht komplett zou matt Wolleken, sou dass mer bei eis näischt vun dëser Mounddäischtert ze gesi kruten. Schued!




D'Zäite vun den Däischterte fannt Der an dëser Tabell.
All Zäite si lëtzebuerger Lokalzäit !
D'Donneeë vun der Däischterte fannt der op der Säit vun Time and Date, wou der no enger Uertschaft an ärer Géigend kënnt sichen.





Total Mound-Däischtert 16.07.2000 (Japan) Esou schéi kann eng total Mounddäischtert ausgesinn.
Dëst Bild ass vum 16.Juli 2000 a gouf a Japan opgeholl.

Loscht op méi sou fantastesch Opnahmen ?
Da kuckt emol bei AstroArts eran !






Sidd Der un Astronomie intresséiert ? Surft emol beim Site vun de Lëtzebuerger Amateur Astronomen laanscht !