Mounddäischtert - Neiliicht -
Sonnendäischtert - Vollmound
Verschidde Leit froen sech, wou dann den Ennersched ass tëscht nei Liicht an enger Mounddäischtert, wou een dach "2 mol de Mound net gesäit". Et ginn awer do e puer fundamental Differenzen :
- Neimound oder Neiliicht gët et regelméisseg, ongeféier all 30 Deeg. De Mound steet dann iergendwou tëscht der Sonn an der Aerd.
D'Sonn beliicht d'hënnescht Säit vum Mound, während vir déi Säit, op déi mir kukken, am Däischtere bleiwt. Dofir ass bei Neiliicht de Mound net ze gesinn.
E spezielle Fall vun Neimound ass, wann de Mound net nëmmen "iergendwou tëscht" der Sonn an der Aerd steet, mee wann di 3 wierklech op enger Linn leien. An dem Fall fällt de Schied vum Mound op d'Aerd, a mir kréien eng Sonnendäischtert. Dës ass partiell, réngförmeg oder total, je nodem wéi genee di 3 alignéiert sinn, a wéi grouss d'Distanzen tëscht denen 3 Himmelskierper sinn.
Well de Mound méi kleng wéi d'Aerd ass, werft säi Schied nëmmen e klenge Fleck op d'Aerd : eng Sonnendäischtert kann ee just an enger begrenzter Regioun gesinn, a si dauert nëmme maximal e puer Minutten.
- De Géigendeel vum Neiliicht ass de Vollmound. Dee kënnt och regelméisseg, mee do steet de Mound dann op der anerer Säit; d'Aerd ass tëscht der Sonn an dem Mound, sou dass mer déi Kéier op di beliichte Säit vun eisem Satellit kukken.
Alt neess gëtt et e spezielle Fall, wann di 3 sou gudd wéi opp enger Linn stinn : Dës Kéier fällt de Schied vun der Aerd op de beliichtene Mound a verdäischtert deen. Mir hu bei sou engem Vollmound dann eng Mounddäischtert.
Esou eng Mounddäischtert kann sou zimmlech vun der halwer Aerd aus gesi ginn (jiddereen, deen dee Moment de Mound gesäit, kann d'Däischtert bewonneren). A well de Schied vun der Aerd méi grouss ass wéi de Mound, kann si vill mi laang daueren wéi eng Sonnendäischtert. An engems kënnt doduerch eng Däischtert vum Mound, a speziell eng total, méi hefeg vir wéi eng vun der Sonn.
- Wann de Schied vun eiser Äerd op de Mound fällt, gët deen net komplett schwaarz, wéi beim Neiliicht. D'Atmosphär ronderem d'Äerd erlaabt eis net nëmmen ze ootmen, mee si krëmmt och d'Faarwen aus dem Liichtspektrum, an zwar verschidde staark. Dee laangwellege, rouden Deel vum Liicht gët am stärksten ofgeleed. Aus deem Grond gët och den Himmel bei Sonnenop- oder ënnergang sou schéi roud.
Dës roud Liichtstrale ginn an de Schied, deen d'Äerd op de Mound geheit, era gebéit. De Mound gët doduerch mat engem roudelzéch-bronge Schimmer iwwerzunn.